Numm |
lb: (An der) Hiel fr: Rue des Trois Glands |
---|---|
Fréieren Numm | fr: Rue du Grünewald (bis 1925)[1] |
Längt | ca. 215 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Pafendall |
Postcode | 1629 |
Koordinaten |
49° 36’ 56.2’’ N 06° 08’ 05.6’’ O |
D'Rue des Trois Glands ass eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg. Als Säitestrooss vun der Rue Vauban am Pafendall verleeft se op der Héicht vum Concertssall vum Sang a Klang als Sakgaass a Richtung Osten, ënnert dem Viaduc Dräi Eechelen erduerch, bis bei d'Gréngewald-Paart. Um Wupp vun der Strooss gi Bëschweeër weider op de Kierchbierger Plateau bei d'Dräi Eechelen an de MUDAM. Virun der Paart stinn déi fréier Gebaier vum Proviantmagaséng vun der Festung Lëtzebuerg.
D'Strooss ass nom fréiere Fort Thüngen benannt, deen am Volleksmond „Dräi Eechele“ genannt gëtt.
Duerch d'Hiel goung de Kiem dee vum Fëschmaart op Tréier gefouert huet. Dëse gouf 1732 ofgedroe well en duerch seng héich Lag eng natierlech Protectioun fir eventuel Envahisseure gebueden hätt.